Home

Eisen neien Testvëlo: den Delta tx vun HP Velotechnik!

D’Sesselrad iwwerzeegt duerch een heigen  Komfortsëtz an ee besonnesch liicht Opklammen. De Plattformträger am Heck ka mat bis zu 25kg beluede ginn, soumat ass den Transport vu Wuere kee Problem mei. Außerdem kann e blëtzschnell an dräi Deeler zerluecht ginn a ka liicht mat dem Auto matgeholl ginn.

HP Velotechnik Delta tx-1     HP Velotechnik Delta tx-2

Dëse Vëlo eegent sech fir all Altersklass, ob jonk oder al. En ass stabil, zolidd, kippsecher a verfüügt iwwert eng déif Opklammhéicht. Des Weideren huet en ee gefiederten Hannerbau an ass, mat nëmmen 32kg, besonnesch liicht am Verglach zu anere E-Sesselrieder.

HP Velotechnik Delta tx-3     HP Velotechnik Delta tx-4

Eisen Testvëlo ass mat dem Shimano Steps EP8 Motor, der Speedhub-Nuef vu Rohloff mat 14 Gäng an enger 630Wh Batterie equipéiert. Den Ergo Mesh Premium Sëtz léisst sech ouni Problemer un d’Kierpergréisst an un déi preferéiert Setzhaltung adaptéieren. Zudeem ass en, dank der Orthoflex-Polstertechnologie, un déi jeeweileg Kierperform unpassbar.

Kontaktéiert eis a séchert Iech eng Testfaart mat dem neie komfortabele E-Sesselrad Delta tx! 

 Den néie waasserdichten Schong Kuro Mid STX vu Vaude

Duerch säin strempähnlechen no uewe gezunnen Kragenbereich schützt hien virun Netzt, Dreck a Schnéi an hält soumat alle Wiederbedéngungen stand. D‘Kombinatioun aus breedem Ritsch-Ratsch Verschloss a klassescher Schneierung suergt fir eng gutt Kraaftiwwerdroung an ee super Halt. Déi integréiert Sympatex-Membran léisst Fiichtegkeet no baussen entwëschen a suergt ëmmer fir een agreabelt Innenklima.

Och a Saachen Nohaltegkeet feelt et dem Schong un näischt. Heen ass mat Eco Finish PFC-frei ausgerüst a gëllt als klimaneutral. D’Emissiounen aus Materialien, Hierstellungsprozess a Versand goufe ermëttelt a systematesch reduzéiert. Déi aktuell net vermeidbar Emissioune goufe komplett iwwert déi onofhängeg Non-Profit-Organisatioun „myclimate“ kompenséiert. 

Vaude Kuro Mid STXVaude Kuro Mid STXVaude Kuro Mid STX

 

Néi an eisem Sortiment: d’Funktiounsennerwäsch vu Woolpower!

Woolpower ass e schwedeschen Hiersteller vu Funktiounskleedung mat Setz zu Östersund. D’Mark steet fir Nohaltegkeet a Laangliewegkeet. Mat hirem eegenen Tissu “Ullfrotté original” hu si Funktiounsennerwäsch hiergestallt, déi och extreme Wiederbedingungen standhält. D’Wuer ass fir verschidden Aktivitéitslevel gëeegent a gëtt a Schwede verferdegt.

D’Hiersteller setzen op Merino Woll, well des laanglieweg an isoléierend ass. Se wärmt wann et kal ass a killt wann et waarm ass. Des Weideren transportéiert si d’Fiichtegkeet an huet eng antistatesch Funktioun. Se ass geruchshemmend a schwéier entflambar.

An eisem Sortiment fann Dir T-Shirts souwéi Crewnecks mat Funktiounsstuf “Lite” an “Ullfrottée 200”.

“Lite” ass den dënnsten Tissu a ka soumat als Ënnerschicht gedroe ginn. Well d’Merino Woll souwuel wärmen wei och kille kann, ass e fir all Joreszäit gëeegent.

“Ullfrottée 200” ass den dënnsten Ullfrottée an isoléiert d’Wäermt, déi de Kierper produzéiert. En ass op 60°C wäschbar an trocknergeegent.

Woolpower

 

Déi nei Vëloskierf vun Klickfix an Reisenthel

Nieft néien Trendfaarwen wei twist coffee an twist sky rose sinn des Kierf mat faarweg vereedelten Aluminiums Bigelen equipéiert.

Stylesch an praktesch zugläich!

Roomy twist sky roseRoomy GT twist sky rose

Bikebasket twist sky roseBikebasket twist coffee

LS_Sports_on_Facebook  LS_Sports_on_instagram LS_Sports_on_youtube